
Datt en 9,53 Meter laange weibleche Wal op der Plage vu Fort Vert ukomm wier, wier dem President vun der “Coordination mammalogique du nord de la France” no éischter ongewéinlech fir d’Regioun. Dat well d’Wanderunge vun den Déiere méi wäit nërdlech vun England sinn.
De Wal, deen tëscht “20 a 25 Tonne” weit, huet en Donneschdeg misste vun der Plage ewechgeholl ginn, fir net an d’Mier zréckgespullt ze ginn. Doudeg Kierpere kënne geféierlech fir d’Schëfffaart ginn. Mat engem “schwéieren Apparat” gouf d’Déier en Donneschdeg sou wäit wéi méiglech op der Plage eropgezunn, fir dann e Freideg obduzéiert ze ginn. De Wal soll um Strand opgeschnidden, zerluecht an da wechbruecht ginn.
De Wal wier eréischt e puer Stonnen éier e fonnt gouf, gestuerwen. Et ass méiglech, datt d’Déier vun de Sandbänken iwwerrascht gouf an u sengem eegene Gewiicht erstéckt ass. Eréischt am November gouf een 19 Meter laangen a ronn 15 Tonne schwéiere Finnwal am Hafe vu Calais fonnt, nodeems dëse blesséiert gouf.
