Tennis op Profiniveau live erliewen!Gewannt eise VIP-Package fir d'Luxembourg Ladies Tennis Masters

RTL Lëtzebuerg
© Luxembourg Ladies Tennis Masters

Gewannt VIP-Tickete fir de Luxembourg Ladies Tennis Masters!

Tennislegenden, spannend Matcher an eng exklusiv Atmosphär: De Luxembourg Ladies Tennis Masters bréngt och dëst Joer nees, erëm fréier Weltklass-Spillerinnen op Lëtzebuerg.

Et ass also eng eemoleg Geleeënheet, fir Tennis op héchstem Niveau ze erliewen an dobäi grouss Nimm aus der Tennisgeschicht erëm um Terrain spillen ze gesinn.

Fir matzemaachen, musst Dir just eis 3 Quizfroe beäntweren.

Mat ganz e bëssen Tenniswëssen a mat e bësse Chance kënnt Dir e VIP-Package fir 2 Leit fir:

  • d'Véierelsfinall de 16. Oktober 2026,
  • d'Halleffinall de 17. Oktober 2026,
  • d'Finall den 18. Oktober 2026,

gewannen.

Vill Spaass beim Quiz a vill Gléck!

Bonne Chance!

Back to Top
CIM LOGO