Loscht bei der Route du Vin matzelafen? Gewannt eng Startnummer bei eis!

RTL Lëtzebuerg
© Route du Vin 2026

Zënter 1962 gehéiert d’Route du Vin zu de groussen Traditioune vum Lëtzebuerger Sport an ass den eelste Stroosselaf vun der Lëtzebuerger Liichtathletik. D’Streck féiert d’Leefer laanscht d’Wéngerte vun der Lëtzebuerger Musel, vu Réimech a Richtung Stadbriedemes an duerno iwwer Schengen nees zeréck op Réimech.

Dir wëllt dëst Joer och mat dobäi sinn? Mir verlouse Startnummeren!

Fir matzemaachen, musst Dir just déi 3 Froen hei drënner richteg beäntweren. Ënnert all de richtegen Äntwerte ginn d’Gewënner dann ausgeloust.

Vill Gléck!

D’Gewënnspill leeft bis en Donneschdeg.

Fir weider Informatiounen: ROUTE DU VIN Luxembourg - Semi-Marathon, 10k, 5k

Back to Top
CIM LOGO