RIPD'Catherine Ringer, d'Sängerin vun de "Rita Mitsouko", ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Catherine Ringer, Sängerin a Matbegrënnerin vum legendäre franséische 80er-Jore-Rockduo Rita Mitsouko, ass an der Nuecht op en Dënschdeg am Alter vun 68 Joer u Kriibs gestuerwen.
© JOEL SAGET/AFP

Zesumme mam Fred Chichin, hirem Liewens- a Bühnenpartner, hat si an den 1980er Joren d'Rita Mitsouko gegrënnt. D'Duo gouf mat Lidder wéi "Marcia Baïla", "Andy", "C'est comme ça" an "Les histoires d'amour finissent mal" bekannt. De Fred Chichin war 2007 am Alter vun 53 Joer u Kriibs gestuerwen.

No sengem Doud war d'Catherine Ringer weider op der Bühn aktiv an huet och eng Solocarrière gestart. Si huet sech nieft der Musek och der Poesie gewidmet a sech géint déi rietsextrem Politik engagéiert.

D'Ringer, déi 1957 bei Paräis gebuer gouf, hat eng onkonventionell Carrière. Si huet d'Musekszeen mat hirer markanter Stëmm, hirer Fräiheet an hirer eegener Aart iwwer Generatiounen ewech gepräägt.

Back to Top
CIM LOGO