
Koalae sollen a villen Deeler vun Australien vun elo u besser geschützt ginn. An de Bundesstaaten New South Wales a Queensland souwéi am Australien Capitol Territory mat der Haaptstad Canberra gëtt de Geforestatus vun den Déieren offiziell vu “vulnerabel” op “bedreet” eropgesat. Dat huet déi australesch Ëmweltministesch Sussan Ley e Freideg matgedeelt.
Duerch laang Dréchenten, riseg Bëschbränn, Krankheeten an de Verloscht vum Liewensraum hätten an de leschten 20 Joren zu engem staarke Réckgang vun der Koala-Populatioun gefouert. Fir de Schutz vun den Déiere plangt d’Regierung, an den nächste véier Joer eng 50 Milliounen australesch Dollar, ëmgerechent 31 Milliounen Euro, auszeginn.

Der Ëmweltministesch no géing een “extra Moossname fir de Schutz vun de Koalaen” ergräifen a mat “Wëssenschaftler, medezinesche Fuerscher, Veterinären, Gemengen, Bundesstaaten, lokale Regierungen an der indigener Bevëlkerung zesummen” schafft. Besonnesch déi riseg Bëschbränn am August 2019 bis Mäerz 2020 hätten der Populatioun schwéier zougesat. Schätzunge vun der Ëmweltorganisatioun WWF no wieren dobäi méi wéi 60.000 Koalaen ëmkomm, blesséiert, verdriwwen oder traumatiséiert ginn.
Der Déiereschutzorganisatioun International Fund for Animal Welfare no hätt een et ni esou wäit dierfe komme loossen, dass ee Gefor leeft eng “national Ikon” ze verléieren. Et hofft een, dass dëst Australien an der Regierung d’Ae géing opmaachen, fir méi séier ze handelen, fir “wichteg Liewensraim viru wirtschaftleche Konsequenzen ze schützen an d’Auswierkunge vum Klimawandel eescht ze huelen”.