Hei stinn d'Experten Iech zur Säit

Alles huet am Joer 2010 ugefaangen
D'Firma SecuriTec gouf am Joer 2010 vum Gilbert Reyland gegrënnt, den éischte Gewënner vun der Emissioun SUCCESS STORY vun RTL.
Bei hirer Grënnung waren si zu 4, haut zielt d'Firma 45 Mataarbechter.Zënter 2021 si si am neie Gebai zu BissenSi hunn awer hir Büroen zu Livange, wat et hinnen erméiglecht, hire Wuesstem am Süde vu Lëtzebuerg weiderzeféieren an och méi aktiv am Norde vum Land präsent ze sinn.SecuriTec iwwerschreit och d'lëtzebuergesch Grenzen a breet sech aus an d'Belsch, Frankräich, Däitschland an d'Spunien, mat Installatiounen zu Bréissel, Stroossbuerg, Cannes, Nice, Mallorca oder Javéa.
Ëmmer wëlles, ëmmer méi wäit ze goen, huet SecuriTec d'Ambitioun, ëmmer déi beschten an effizientst Produiten ze sichen, fir hire Clienten, esou wuel privat wéi och professionell, modernst Technologien ze bidde.
Méi Info fannt Dir och op securitec.lu.

Fournisseur de la Cour Securitec