E Méindeg haten den US-President Trump an den israeelesche Premier Netanjahu no enger Reunioun eng gemeinsam Pressekonferenz ginn.

Dobäi goung et ëm den 20-Punkte-Plang, deen den Trump schonn iwwert de Weekend Vertrieder vun der arabescher Welt presentéiert hat. Uganks war nach vun engem 21-Punkte-Plang-Rieds. Am Kader vum israeelesche Premier senger Visitt am Wäissen Haus, haten déi zwee Staatscheffen e Méindeg dann eng Pressekonferenz ofgehalen, an där den Netanjahu verséchert huet, hie géif dem Trump säi Plang ënnerstëtzen.

De Plang gesäit ënnert anerem vir, datt déi israeelesch Arméi schrëttweis aus der Gazasträif ofgezu gëtt, dës net vun Israel annektéiert gëtt, d'Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn an e Friddensrot ënnert dem Trump senger Gouvernance soll en place gesat ginn. Israel soll dës Weideren och knapp 2.000 palästinensesch Prisonéier fräiloossen. Falls d'Hamas dem Plang zoustëmmt, muss se bannent 72 Stonnen alleguer d'Geisele fräiloossen.

Den Netanjahu huet iwwerdeems betount, datt am Fall wou d'Hamas de Plang refuséiert, Israel "den Job op en Enn brénge wäert.