Betraff si sämtlech Programmer vum Diddelenger Sender: RTL Radio Lëtzebuerg op der Frequenz 88,9, den däitschen RTL 93,3 an de Radio 100,7.

Betraff ass och den DVB-T, also den digitalen Tëleesempfank.

Op der Frequenz 92,5 ass Radio Lëtzebuerg weider normal ze empfänken gradesou wéi online op RTL.lu an RTL PLAY an iwwert d'RTL-App. Fir den 100,7 funktionéiert d'Frequenz 95,9.

Techniker vun der BCE a vu Creos sinn op der Plaz, fir nom Problem ze kucken. Dee war e Méindeg den Owend kuerz no 18 Auer opgedaucht: En defekte Generator hat zu enger Stroumpann an déi dunn zu engem Ausfall vun de Frequenze gefouert.

Géint 20 Auer war de Feeler fir e puer Minutte behuewen, ass dono awer nees opgedaucht, esou datt et den Ament nach ëmmer Problemer mam Empfank vun de Senderen op deenen dräi Frequenze gëtt.

Mir halen Iech um Lafenden, Merci fir Är Gedold.