En Dënschdeg gouf via Pressecommuniqué matgedeelt, dass de Garage Intini vun Autopolis iwwerholl gëtt – mir hate béid Parteien am Interview.

Dass e klenge Garage vun engem groussen iwwerholl gëtt, ass eng Nouvelle, déi haut net méi wierklech iwwerraschend ass. Autopolis kann elo schonn immens vill Marken zu sengem Portfolio zielen, an huet rezent och zum Beispill d'Garage Collé iwwerholl. De Garage Intini ass de Concessionaire vun der Mark Maserati zu Lëtzebuerg, deemno dach eng ganz nobel Mark, déi och dem Haus Autopolis gutt zu Gesiicht steet, wéi de Marc Devillet am Gespréich direkt e puer Mol widderholl huet.

Maserati gehéiert zum Grupp Stellantis, wou een och Marke wéi Abarth, Alfa Romeo, Lancia, Jeep, Opel, oder Fiat fënnt. Dat sinn alles Marken, déi schonn ënnert dem Haus Autopolis verkaf ginn. Deemno ass et e logesche Schrëtt, dass een och elo d'Luxusmark aus dem Stellantis-Grupp bei Autopolis verkeeft.

Intini – e Familljebetrib zanter 1971

De Garage Intini besteet zanter 1971 a war zanterhier e Familljebetrib, gegrënnt vum Giovanni Intini. Ugefaangen hat alles mat der Mark Lada, duerno ware Marke wéi Lancia, Fiat an Alfa Romeo op der Adress op der Lonkescher Strooss zu Bartreng doheem.

RTL

© Intini.lu

Am Joer 2005 ass Intini de Concessionaire exclusif vun der Mark Maserati ginn. Am Joer 2016 huet de Francesco Loperfido d'Geschécker vun der Garage Intini iwwerholl. Et war een ëmmer immens houfreg drop, als klenge Familljebetrib kënnen ze bestoen, ma hannert de Kulissen huet de Garage dach zimmlech ze kämpfe gehat.

Autopolis – Van Mossel Automotive Group – Stellantis – Maserati... eng logesch Acquisitioun

Op den 18. September 2025 huet dann elo Autopolis de Garage Intini iwwerholl an erkläert d'Acquisitioun mat enger Expansioun vum Grupp. Et ass déi 14. Mark, déi elo zum Portfolio vun Autopolis gehéiert.

Autopolis ass iwwerdeem eng Filial vum "Van Mossel Automotive Group", engem vun de gréissten Automobil-Gruppen an Europa, dat mat 557 Etablissementer verdeelt op de Benelux, Dänemark, Däitschland a Groussbritannien. 48 Autosmarke sinn hei regroupéiert an all Joer ginn iwwer 245.000 Gefierer verkaf.

Gouf de Garage Intini Affer vun engem Déifstall? 

Mir hate souwuel de Francesco Loperfido (CEO Garage Intini), wéi och de Marc Devillet (CEO vun Autopolis) kontaktéiert, fir méi Detailer iwwert dës Reprise gewuer ze ginn. Et stoungen nämlech Rumeuren am Raum, dass de Garage Intini Affer vun engem Bedruch gi wier, respektiv, dass eng Persoun d'Konten eidel geraumt hätt, an doduerch de Garage hätt musse verkaf ginn, fir nach gerett ze ginn.

Den Här Loperfido huet eis op Nofro hi bestätegt, dass et wuel aktuell eng juristesch Prozedur géif ginn, well eng Persoun Sue geklaut hätt, ma dat géif sech op kee Fall an Dimensiounen ofspillen, déi zum Verkaf vun der Garage gefouert hätten. Weider Detailer wollt a konnt een net ginn.

Den Här Devillet huet drop higewisen, dass hie schonn zanter 2019 reegelméisseg de Kontakt mam Här Loperfido gesicht huet, fir hien z'iwwerzeegen, dach un Autopolis ze verkafen. Den Interessi un där Mark besteet deemno scho gutt sechs Joer, ma Intini wollt eegestänneg bleiwen.

RTL

Et war keng einfach Decisioun fir de Francesco Loperfido (lénks), fir de Garage ze verkafen, ma et wier néideg gewiescht, fir dass een eng Zukunftsperspektiv schafe konnt. De Marc Devillet (riets) huet schonn zanter e puer Joer probéiert Maserati a säi Grupp ze kréien... elo war d'Geleeënheet do.

D'Entwécklung um Automobilmarché aus deene leschte Joren ass awer och net um Garage Intini erlaanscht gaangen. Queescht uechter d'Welt gesäit een, dass ëmmer méi kleng Familljebetriber hir Aktivitéite mussen opginn, a grouss Garagen oder Multi-Marken déi kleng iwwerhuelen.

Finanziell ass et immens schwiereg als klenge Familljebetrib z'iwwerliewen. D'Ufuerderunge vun de Marke ginn ëmmer méi opwänneg.... de Showroom muss gewësse Standarden entspriechen, et muss een eng gewëssen Unzuel un Autoen an der Expo stoen hunn, déi den Händler dann och kafe muss, an net vun der Mark zur Verfügung gestallt kritt.

Aktuell wier dat bei Intini zum Beispill e Fuerpark am Wäert vu ronn 1 Millioun Euro, un Autoen, déi just am Showroom stinn, an déi een hätt musse kafen.

Maserati ass eng zimmlech exklusiv Mark... eng sougenannte Luxusmark. Dobäi hu se zum Beispill awer mam Grecale och en Auto an der Gamm, deem seng Konkurrenten zum Beispill de BMW X4, den Audi SQ5 oder den Alfa Romeo Stelvio sinn. Allerdéngs kennen net vill Leit den Auto, an d'Clienten hunn net sou den Drang emol an e Showroom vu Maserati ze goen, well een do eben haaptsächlech Supersportler erwaart.

RTL

Am Juli dëst Joer hat den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp dëse Maserati GT2 Stradale fir en Autotest zur Verfügung gestallt kritt. Bannent den nächste Woche gesitt Dir säi Reportage dozou hei op RTL. / © Andy Brücker

Just 30 Autoen dëst Joer verkaf

Dat spigelt sech och an de Verkafszuele vu Maserati zu Lëtzebuerg erëm, wéi de Francesco Loperfido eis erkläert huet. Zejoert huet ee mol keng 50 Autoen zu Lëtzebuerg verkaf, dëst Joer waren et der bis elo ëm déi 30. Mat deenen Zuelen ass et schwéier, als klenge Garage z'iwwerliewen. D'Situatioun wier gesond mä net rentabel.

D'Verhandlungen iwwert eng méiglech Reprise vun Autopolis hu viru ronn engem Joer ugefaangen, esou de Marc Devillet. Fir d'éischt hätt een zum Beispill emol d'Aktionäre mussen iwwerzeegen. Wat gehollef hat, war de Faite, dass de Van Mossel Automotive Group mëttlerweil zwou Maserati-Concessiounen an Holland huet. Deemno ass d'Mark am Grupp net komplett nei. Et hätt seng Zäit gedauert, ma elo wier de Punkt komm, wou een den Deal ofschléissen an offizialiséiere konnt.

Loperfido gëtt "Brand Manager" vu Maserati, all d'Mataarbechter goufe vun Autopolis iwwerholl

Déi 19 Persoune vum Garage Intini ginn alleguer bei Autopolis mat iwwerholl an de Francesco Loperfido gëtt "Brand Manager" vun der Mark Maserati. Deemno bleift d'Konstellatioun vum Personal bestoen, just de Patron ännert.

Méi Visibilitéit

Eppes, wat awer och nach ännert, ass de Standuert. De Marc Devillet huet betount, dass et fir hie wichteg wier, dass Maserati mat ënnert den Daach vun Autopolis zu Bartreng kënnt, dat an der Zone d'Activités Bourmicht.

Hei géife sech komplett aner Méiglechkeeten erginn, fir d'Mark dem breede Public accessibel ze maachen. Dat wier zum Beispill ee vun de Problemer vu Maserati am Garage Intini gewiescht... et hätt ee wéineg Clienten am Garage gehat, déi einfach mol sou kucke komm wieren.

RTL

Den Terrain an de Showroom vum Garage Intini goufe viru ronn engem Joer verkaf. Wat den neie Besëtzer elo mat dëser Location wëlles huet, wousst den Här Loperfido net. / © Andy Brücker

Dat wier bei Autopolis zu Bartreng anescht. All Dag hätt een hei an der Moyenne eng 180 Clienten am Haus, wärend dem Autofestival sinn et der souguer 6.000. Déi kënnen duerch d'Gebai trëppelen an op ee Schlag eng sëlleg verschidde Marken entdecken, d'Autoe kucken, upaken, se vergläichen. Do kënnt dann elo mat Maserati eng zweet Luxusmark dobäi, nieft Corvette, déi schonn zu Bartreng doheem ass.

RTL

© Autopolis

Plang an zwou Phasen

Bis Enn des Joers ass een nach am Showroom an der Lonkescher Strooss zu Bartreng ze fannen. Dat Gebai ass allerdéngs schonn zanter ronn engem Joer verkaf, well et an de Pläng vun Autopolis och keng Roll spillt. Vu Januar 2026 u fënnt ee Maserati dann um 1. Stack vun Autopolis an der Zone d'Activités Bourmicht. Ma och dat soll net den definitive Standuert bleiwen, wéi eis de Marc Devillet verroden huet.

Et huet een aktuell Pläng fir um Terrain vis-à-vis, wou aktuell zum Beispill d'Occasioune vun Autopolis stinn, en neit Gebai ze bauen. Do sollen dann exklusiv déi zwou Luxusmarke Corvette a Maserati op net manner wéi 1.000m2 ënnerkommen. Dat wier awer net fir haut a muer. Aktuell géifen et do nach administrativ Hürden ze bewältege ginn, ma et wier een zouversiichtlech, dass bannent den nächsten 2 bis 2,5 Joer de Projet realiséiert ass.

RTL

© Autopolis