D'Police stellt "ëmmer méi Gewalttätegkeeten an der Gesellschaft fest"
Dësen Méindeg 29. September 2025 war d'Méchelsfeier vun der Lëtzebuerger Police, wou och hire Generaldirekter Pascal Peters geschwat huet.
Zum Gedenken un d’Personal, dat bei engem Asaz ëm d'Liewe komm ass, goufe Kränz virun der Cité policière um Findel, souwéi um Monument vun der Force Publique um "Kanounenhiwwel" néiergeluecht. Duerno gouf eng reliéis Zeremonie an der St.Michel-Kierch an der Stad ofgehalen. Zënter dem 2. Weltkrich, sinn 13 Beamten a Beamtinnen bei Asätz zu Lëtzebuerg ëm d'Liewe komm.
Kuerz drop hunn de Generaldirekter vun der Police, de Pascal Peters, an den Inneminister Léon Gloden sech bei der Zeremonie am Cercle Cité an der Stad un de Corps an un déi vill Éieregäscht geriicht.
De Pascal Peters ënnersträich hei, dass een an de Statistike vun der Police "kontinuéierlech ëmmer méi Gewalttätegkeeten an der Gesellschaft" géif feststellen. Am éischte Semester 2025 hätt ee ronn 35 % méi Rebelliounen enregistréiert wéi nach wärend dem selwechten Zäitraum am Joer 2024. All Dag géif et am Grand-Duché zu enger Rebellioun kommen.
Weider betount hien, dass de Polizist sech dacks a geféierlech Situatioune begëtt, méi wéi eemol d'Zilscheif vu Gewalt a Rebellioun gëtt an och beispillsweis a séiere Poursuitten am Policewon sech dacks a Gefor befënnt. Dëst wier natierlech an der Natur vum Beruff, ma trotzdeem gëtt de Pascal Peters ze bedenken: "De Bierger brauch an där Situatioun resilient Polizistinnen a Polizisten, déi hien protegéieren. Déi mussen ënnerstëtzt ginn, andeems notamment d'Funktioun selwer vum Member vun der Police protegéiert gëtt, andeems de Staat sech virdrunner stellt als "Organe protecteur", souzesoen." Dëst wier am Ausland, wéi beispillsweis a Frankräich scho längst de Fall.
Punkto Rekrutement ass een da säitens der Generaldirektioun frou iwwert déi positiv Entwécklung. 180 Stagiairen hätt een am Mee an der Police-Schoul konnten astellen, am Hierscht gëtt en neien Appell lancéiert. Sollt dës en änleche Succès sinn, rechent ee fir 2026 mat ronn 200 neie Memberen.