Den Titel ‘Fournisseur de la Cour’, steet fir héchst Qualitéit !

Mir hu mam Alexandra Kahn vun der Chocolaterie Genaveh geschwat. D’Handwierk vun der Chocolaterie a soumat och dem Alexandra Kahn säint verzaubert den Haff mat guddem Goût, aussergewéinleche Kreatiounen an dem Striewen no neie Rezepter.
D’Chocolaterie Genaveh mécht mat Traditioun a Léift zum Detail aus der Kakaosboun all Kéiers op en neits e klengt Konschtwierk. Dës Präzisioun a Passioun gesäit a schmaacht ee mat all Knippchen.

FOURNISSEUR DE LA COUR - Chocolaterie Genaveh