D’Biller vum Trounwiessel ginn international diffuséiert a ginn domat wäit iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus.

E Freideg de Moie fänken zu Lëtzebuerg d’Festivitéiten am Kader vum Trounwiessel un: D’Land kritt en neie Grand-Duc, an dat markéiert den Ufank vun dräi Deeg voller Zeremonien, Spektakelen a Feierlechkeeten, e Rendez-vous, deen och fir den Horeca-Secteur nawell vu Bedeitung ass. Grouss Evenementer vun dëser Zort bréngen Touristen an d'Land, wat besonnesch d'Hoteller an d‘Restaurante freet. Bis ewell wieren déi meescht awer nach net ausgebucht, et wier nach Sputt no uewen, heescht et aus dem Secteur. 
 
En Trounwiessel suergt iwwerall fir vill Opmierksamkeet. Vill Leit wëllen dobäi sinn a vun de verschiddenen Zeremonien an Animatioune profitéieren. Dat lackelt och ëmmer nees Touristen op Lëtzebuerg. D’Biller vum Trounwiessel ginn international diffuséiert a ginn domat wäit iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus. Dem Alain Rix, President vun der Horesca no, eng super Reklamm fir Lëtzebuerg: "Ech mengen, dat bréngt all den Hotellen eppes, et ass awer villäicht net esou wéi mir gemengt haten, dass alles complet wier. Déi Hoteller vun Haut de gamme hunn Delegatiounen, mee si sinn net complet. Si hunn eng ganz gutt Qualitéit u Clienten, mee villäicht net d‘Quantitéit dovunner. An aner Klenger hu mir gesot, dass si méi Clienten hunn, wéi déi Jore virdrun ëm déi Zäit.“
 
De Rex Nijhof ass Direkter vun engem Hotel op der Stater Gare. Hien huet wärend senger berufflecher Karriär schonn een Trounwiessel an Holland materlieft. Do hätt et kuerz virum Trounwiessel bedeitend méi Reservatioune ginn. A sengen Aen, hätt am Grand-Duché am Virfeld méi Pub misse gemaach ginn: "Für solche Events müsste man eigentlich sehen, dass die Buchungen zunehmen am Wochenende. Ich denke grundsätzlich sind die Buchungen am Wochenende schon etwas weniger. Es gibt noch viele Möglichkeiten Luxemburg noch viel mehr zu bewerben für ein Wochenendausflug. Dahaben wir leider nicht gesehen, dass das Wochenende jetzt etwas stärker ist als andere Wochenenden. Es ist wahrscheinlich eher umgekehrt, dadurch, dass unsere Nachbarn aus Deutschland einen Nationalfeiertag haben am 3. Oktober. Die würden ja am Wochenende überall hingehen. Die wären auch nach Luxemburg gekommen, für ein langes Wochenende, aber wahrscheinlich haben die andere Destinationen ausgewählt."
 
Änlech erlieft et de Carlo Cravat. Den Hotelsdirekter huet a sengem Hotel Clienten, déi all Joer ëm déi nämmlecht Zäit kommen. Well dëse Weekend awer den Trounwiessel usteet, hunn déi Clienten decidéiert, méi spéit eréischt ze kommen, aus Angscht, dass ze vill Leit do wieren, a vill Stroossen gespaart wieren. Aner Clienten hätte gesot, si wéisste mol näischt vun engem Trounwiessel, esou de Carlo Cravat: "Prinzipiell zu Lëtzebuerg, gëtt net genuch am Viraus gekuckt, organiséiert. An dat ass net genuch mediatiséiert ginn. Wuel hei ronderëm an der Grande Région, mee an anere Länner, wëssen se mol net, dass dat iwwerhaapt stattfënnt. Souguer an eisem Land ass et virkomm, wou mir geduecht hunn, den 3. Oktober ass ee groussen Dag fir Lëtzebuerg, fir d’Land, fir d’Stad , a jo, dat wousste mir net, an dat ass e Bëssi schued."
 
An der Restauratioun dogéint, versprécht sech de President vun der Horesca méi Succès. Virun allem an der Stad ronderëm de Glacis, d’Plëss an de Knuedler. Feierlechkeete ginn et de Weekend awer net just an der Stad, ma och zu Gréiwemaacher, Wolz, an zu Diddeleng. Op der Tëlee iwwerdréit RTL vun e Freiden de Moien 9.30 Auer u live aus dem Trounwiessel-Studio virum Palais. Mat engem RTL-Spezial si mir Freides, Samschdes a Sonndes op der Plaz. Natierlech si Dir och um Radio op all Rendez-vous vum neie Grand-Duc Guillaume derbäi.