D'Anne an d'Nathalie si frou Iech kennen ze begréissen

Den Institut Grain de Beauté fannt Dir op 5 rue de l'Esprit, vis-à-vis vum Geriichtsgebai.Hei daucht Dir an enger aner Welt an, eng Welt voller Rou, Détente, Geloossenheet a Schéinheet.Si bidden Traitementer 'haut de Gamme' un an awer och méi normal Soin'e wéi Pédicure médicale.Fir d'Anne Zwick-Deschannels an d'Nathalie Klos ass et wichteg datt Dir e schéinen agreabelen Ament hutt an Iech wuelfillt.Si siche mat Iech zesummen dee Soin dee bei Iech passt.