E Familljebetrib mat Traditioun

Zënter 1871 ass de traditionsbewosste Familljebetrib Dohm vun Housen elo schonn um lëtzebuergesche Schräinereissektor präsent.
Dobäi kann de bekannte Miwwel- a Schräinerbetrib am Norde vum Land op d'energiegeluede Leedung an dat motivéiert Engagement vu schonn e puer Generatiounen zréckblécken a gehéiert sécherlech zu deenen eelsten nach besteeënden Familljebetriber am ganze Land.
An der Miwwelschräinerei steet d'Individualitéit am Vierdergrond – hei geet ee ganz op d'Wënsch vun de Clienten an.
Alles gëtt op Mooss gemaach, passend zu de Raim – op Wonsch ginn d'Miwwele bis an déi klengst Ecker agebaut, sou datt alles optimal genotzt gëtt an en harmonescht Gesamtbild garantéiert gëtt.
Fir d'Planung stinn 3D-Programmer zur Verfügung, sou kann de Client schonn e virtuelle Bléck an seng nei Kichen, säi Buedzëmmer, Büro, d'Garderobe, asw. geheien.
D'Bauschräiner hëllefen och bei der Schafung vu Wunnraum- wéi  beispillsweis neie Wunnraum um Späicher schafe wëll, ass bei dem Traditiounshaus an de beschten Hänn. Am Erweidere vu Wunnraim an dem Dréchenausbau kennt een sech beschtens aus.
Méi Info fannt Dir och op dohm.lu.

Fournisseur de la Cour Menuiserie Dohm-Spaus