Anti‑Gaspi am Alldag ëmsetzenLiewensmëttelverschwendung: Esou kann een Offall vermeiden

IPL - sponsored content
D'Superdreckskëscht erkläert wéi bewosst Akafen a richteg Lagerung Liewensmëttel ka retten.
© SuperDrecksKëscht

SDK: Publi 03.06.2026

Eng schnelllieweg Gesellschaft, Iessen to go, wéineg Zäit fir ze kachen an awer ginn all Dag grouss Quantitéiten u Liewensmëttel ewechgehäit.

Wéi ass dat méiglech? Dës Fro erkläert d’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht dem Nico Thielen am Interview.
D’Liewensmëttelverschwendung fänkt dacks scho beim Akafen un: Wann ze vill kaaft gëtt, ass d’Gefor grouss, datt Produiten dono net opgebraucht ginn. Mee och doheem am Frigo ginn dacks Liewensmëttel vergiess oder net richteg gelagert. Besonnesch Uebst, Geméis a Brout landen nach vill ze heefeg an der Poubelle. Eng rezent Reschtoffallanalys weist, datt 37 Prozent vun deem Offäll, dee schlussendlech an der schwaarzer Poubelle gelant ass, aus Biooffäll bestanen huet. Dat entsprécht also ronn 57 Kilo pro Persoun / pro Joer. Dovunner kéinten 35 Prozent vermeit ginn.

Wéi kann een dat am Alldag konkret vermeiden?
Eng Akafslëscht ze maachen hëlleft schonn immens, virun allem wann een sech dorunner hält an nëmmen dat keeft, wat ee wierklech brauch. Och e reegelméissegen Bléck an de Frigo ass wichteg, fir ze kucken, wat nach do ass a wat als éischt opgebraucht soll ginn. Reschter kënnen dacks nach fir den nächsten Dag oder fir aner Rezepter benotzt ginn. Wien fir e puer Deeg kacht an als éischt dat verbraucht, wat doheem schonn disponibel ass, kann vill Offall vermeiden.

Vill Leit sinn onsécher beim Mindesthaltbarkeetsdatum. Wat soll een hei wëssen?
De Mindesthaltbarkeetsdatum bedeit net automatesch, datt e Produit nom Oflafe schlecht ass. Vill Liewensmëttel kënnen och duerno nach ouni Problemer consomméiert ginn. Hei gëllt eng einfach Reegel: kucken, richen a schmaachen an da selwer entscheeden.

Firwat ass Anti‑Gaspi eigentlech esou wichteg?
Well mat all Liewensmëttel och vill Ressourcen wéi Waasser, Energie an Transport verbonne sinn. Liewensmëttelverschwendung huet also och en direkten Impakt op d’Klima. Gläichzäiteg kann all Stot duerch manner Verschwendung och Sue spueren. An och „To-Go“ kann een sech säin iessen beispillsweis an enger ECOBOX mathuelen. Wat een net direkt ësst kann een vir spéider halen.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op antigaspi.lu.

Back to Top
CIM LOGO