Esou reduzéiere si den ekologeschen Impakt vun hirem EventDe Walfer Vollekslaf ass e Green Event

IPL - sponsored content
Wat stécht hannert dem Green-Events-Logo a wat genee muss een erfëllen, fir dëse kréien?
© SuperDrecksKëscht

„Green Events“ ass e Projet vum Ëmweltministère an ënnerstëtzt Organisateuren, Eventer méi nohalteg ze maachen. Am Interview vum Nico Thielen gi mir dann och gewuer, wéi et um Beispill vum Walfer Vollekslaf konkret um Terrain ëmgesat gëtt. D'Marianne Dondelinger, Presidentin vum Walfer Vollekslaf an de Carlo Schwachtgen erklären dem Nico Thielen:

Wéi a firwat ass de Walfer Vollekslaf zu engem Green Event ginn?
Wéi ech d'Presidentin gi sinn, do war ech schockéiert iwwert dee ganzen Offall, deen no onser Course um Site louch, ech mengen d'Dreckskëschte sinn iwwergelaf, Plastik, Bananneschuelen, Pabeier, alles louch um Buedem a mir sinn der Saach net méi Meeschter ginn. An do war ech ganz frou, wéi de Carlo Schwachtgen, deen deemools Klimaberoder op der Gemeng war, mech kontaktéiert huet a mir verschidde Léisungen am Kader vum Green Event proposéiert huet.

Do kritt ee jo Virlage fir de Green Events Logo ze kréien, wéi ee Punkt ass do am Wichtegsten?
Fir eis war den Offall effektiv ee vun de wichtegste Punkten. An den Haaptchallenge dobäi, dat war de Problem mat de Plastiksfläschen. Dat heescht, déi hu missen ersat ginn duerch gliese Fläschen. Dat ass fir d'Drénkwaasser, fir d'Leefer, fir deenen d'Waasser auszedeelen. Dat ass net esou evident gewiescht, well déi gliese Fläschen vill méi Opwand waren, fir hin an hier ze transportéieren an déi muss een herno jo och eng Kéier zréckhuelen. Dat krute mer awer ganz gutt geléist, zesumme mat der Gemeng Walfer, déi hunn eis do ganz vill Support ginn.

Green Events ass e Logo, deen ee kritt, wann een d'Krittären erfëllt. Wat bréngt deen engem Club oder Event?
Ech mengen, et ass eng ganz gutt Publicitéit fir ons Course. Et bréngt ons och nei Sponsoren, déi an déi selwecht Richtung denke wéi mir. Et ass och wichteg fir d'Leefer, well mir elo mat Elektrovëloen a mat Elektroautoen an der Course fueren an net méi wéi fréier mat Motorrieder a mat Verbrennerautoen.

De Walfer Vollekslaf ass dann de 4. Oktober, sonndes. Do kann ee sech och nach umellen a wann Dir vläicht an engem Club oder an enger Associatioun sidd, déi wëll e Green Event selwer maachen, da kënnt Dir Iech melle bei der SDK oder bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, dat geet iwwer greenevents.lu

SDK Interview 24.09.2026: Green Events - Walfer Vollekslaf

Back to Top
CIM LOGO