Offall besser organiséierenOffalltrennung a Residenzen: Esou gëtt den Alldag méi einfach

IPL - sponsored content
Wéi ugepasste Sammelkonzepter fir Bewunner an Hausverwaltungen ënnerstëtzen.
© SuperDrecksKëscht

SDK: Publi 21.05.2026

Offalltrennung a Residenzen kann den Alldag fir d’Bewunner an d’Hausverwaltungen däitlech vereinfachen. D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, dass an deene meeschte Residenzen de Platz am Offallraum limitéiert ass an et dofir wichteg ass, op gutt duerchduechte Léisungen zeréckzegräifen. Genau do setzt d’SuperDrecksKëscht mat spezielle Sammelkonzepter fir Residenzen un.

Wat gehéiert dann alles zu esou engem Sammelkonzept a wéi gesäit dat aus?
Als éischte Schrëtt gëtt eng Analys op der Plaz gemaach, bei där gekuckt gëtt, wéi d’Situatioun am Gebai ausgesäit a wat verbessert ka ginn. Op dëser Basis gëtt e visuellt Sammelkonzept ausgeschafft, dat un d’Besoinen vun der Residenz ugepasst ass. D’Konzept ëmfaasst déi getrennte Sammlung vu Pabeier, Kartong, Glas, Biooffäll an der Valorlux. Zousätzlech kënnen och SDK‑Produiten, wéi Medikamenter, Spraydousen, Faarwen a Lacken oder Ueleg a Fett gesammelt ginn. Dat mécht d’Entsuergung fir d’Bewunner méi einfach a méi praktesch.

Wat sinn dann d’Virdeeler fir eng Residenz?
Duerch eng besser Offalltrennung kann d’Quantitéit vum Reschtoffall däitlech reduzéiert ginn. Jee no Residenz kënne sou d’Offallkäschten ëm 20 bis 40 Prozent erofgoen. Gläichzäiteg erméiglecht déi getrennte Sammlung e qualitativ héichwäertege Recycling an dréit zum Schutz vu Ressourcen a Klima bäi.

Et ginn och speziell Formatioune fir Hausverwaltungen?
Jo. Hausverwaltunge kënnen eng gratis SDK‑Lizenz kréien an domat „SDK Residenzen approved“ ginn. Si kréien dobäi e Coaching, fir individuell Offallkonzepter eegenstänneg ze erstellen an ëmzesetzen. Zousätzlech gëtt et e Simulationstool, mat deem d’Offallvolumen an d’Spuerpotenzial berechent kënne ginn. Sou kënnen Hausverwaltungen hir Bewunner besser sensibiliséieren an nohalteg Servicer ubidden.

Mat enger gudder Sammelorganisatioun kënne Ressourcen an och Käschte gespuert ginn.
Weider Informatiounen dozou fannt Dir op sdk.lu.

Back to Top
CIM LOGO