D’Fréijoer ass endlech do an domat kribbelt et deen een oder aneren ënnert de Fanger fir am Gaart aktiv ze ginn.

Naturpark.lu - Insekten

Wéi kann ee säi Gaart insektefrëndlech gestalten an esou dem Réckgang vun der Insektepopulatioun entgéint wierken?

Conny Koob vun Naturpark.lu:
Fir d’éischt muss ee wëssen, datt heemesch Insektenzorten u wëll Planze vun hei ugepasst sinn. Si brauchen deemno eng ganz besonnesch Narungsquell. Bis virun e puer Joer ass et zu Lëtzebuerg awer keng lokal Produktioun vu Wëllstauden ginn. Mee dat huet geännert. Déi dräi Lëtzebuerger Naturparken hu sech am Kader vum Insekteprojet mat regionale Gäertnereien zesummegedoen a bidde mëttlerweil méi wéi 50 Planze vun hei un.

Wou kritt een déi Planzen dann ze kafen?

D‘ Planze kritt ee bei der Robbesscheier zu Munzen, beim CNDS zu Ëlwen, beim Lëllger Gaart, beim "Forum pour l’Emploi" an neierdéngs och am Kiischpelt bei der Blumme-Këscht. 

Nieft der Planz-Saison geet awer esou lues och nees d'Méimaschinne-Saison un. Wee sech aktiv um Insekteschutz wëll bedeelegen, dee sollt d’Gras awer léiwer nach eng Zäitche stoe loossen.

Genee, d‘Naturparke ruffen aktiv dozou op, am Mee net ze méinen. Doduerch gi wäertvoll Liewensraim fir Insekten erhal a niewebäi huet ee selwer och manner Aarbecht domat. Weem et ze extrem ass alles stoen ze loossen, deen huet d’Méiglechkeet och zum Beispill eng Sträif net ze méine fir sech esou e bëssen un der Aktioun ze bedeelegen. 

A fir all déi, déi hire Kanner d’Insekte wëlle méi no bréngen, gëtt et dann nach e besonnescht Ausfluchszil.

Jo, dat ass den Insekteléierpad zu Helzen an der Gemeng Wëntger am Éislek. Hei gëtt een op 9 interaktive Statioune Spannendes iwwer déi besonnesch Eegenschafte vun den Insekte gewuer. De Wee huet ronn 3 km a start op der Helzer Klaus. Ideal fir e Familljenausfluch. 

Wou fënnt ee wieder Informatiounen?

Alles ronderëm den Insekteprojet vun den Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall gëtt et op insekten.lu. Do fënnt een iwwregens och vill Tipps, Planzelëschten an Uleedunge fir selwer aktiv ze ginn.