
D’US-Regierung huet der iranescher Regierung e Friddensplang vu 15 Punkte proposéiert. D’Propos wier Teheran iwwer déi pakistanesch Regierung iwwermëttelt ginn, déi sech als Vermëttler ugebueden hat. Dat mellt d’"New York Times” en Dënschdeg ënner Recours op zwee anonym Beamten. De Plang gesäit deemno strikt Limitatioune fir den iraneschen Atomprogramm an d’Reouverture vun der Strooss vun Hormus vir.
Den israeelesche Sender Channel 12 huet gemellt, datt d’USA an den Iran e Waffestëllstand fir ee Mount erkläre géingen, wärend deem si op der Basis vun der Propos vu Washington verhandele géingen. De Plang gesäit deemno en Enn vun der Uranuräicherung op iraneschem Buedem an d’Iwwergab vum ugeräicherte Material vir. Donieft soll den Iran d’Strooss vun Hormus nees opmaachen. E Regimewiessel zu Teheran géing dem Plang vun de Vereenegten Natiounen net gefuerdert ginn. Am Géigenzuch sollen, sou Channel 12, all Sanktioune géint den Iran opgehuewe ginn. Teheran soll ausserdeem Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vun ziviller Atomenergie zu Buschehr kréien. Virdrun hat den Iran Israel reprochéiert, d’Atomkraaftwierk zu Buschehr ugegraff ze hunn.
Dat Wäisst Haus an den US-Ausseministère hu sech bis ewell net zu de Meldunge geäussert.
Iwwerdeem wëll den Iran den Hormus-Passage deels deblockéieren. Schëffer vun Natiounen, déi net an de Krich verwéckelt sinn, däerfen déi wichteg Waasserstrooss notzen, sou de Message vun Teheran, deen déi Maritim Organisatioun vun de Vereente Natiounen krut a verbreede soll.
Als Reaktioun op d’Meldungen iwwer de Plang vun den USA sinn d’Pëtrolspräisser ëm méi wéi fënnef Prozent gefall. De Präis fir ee Barrel vun der Nordséizort Brent ass ëm 5,92 Prozent op 98,30 Dollar (84,71 Euro). De Präis fir d’US-Zort WTI (West Texas Intermediate) ass iwwerdeem ëm 5,01 Prozent op 87,71 Dollar erofgaangen.
Den US-President hat op en Neits vu Verhandlunge mam Iran geschwat, déi aktuell amgaange wieren. D’Gespréicher wiere “genee elo”, sot hien am Wäissen Haus. Dobäi wieren de Vizepresident JD Vance, den Ausseminister Marco Rubio, de Spezialbeoptraagte Steve Witkoff a dem Tump säin Eedem Jared Kushner. Den Iran huet dementéiert, datt et esou Gespréicher mat den USA iwwer e méiglecht Enn vum Krich géing ginn. Den Trump sot dogéint, Teheran wéilt dréngend en Ofkommes erreechen. Als Konditioun dofir hat den Trump ënnert anerem e komplette Stopp vum iraneschen Atomprogramm gesat.