Maacht mat: bei der Erweiderungsprozedur vun den Naturparken

Workshop NGPM / © Anne Lommel
D'Joer 2025 ass dofir e ganz speziellt Joer fir d'Naturparken.
Wat et genee mat deene Prozeduren op sech huet erkläert eis d’Conny Koob, Chargée de communication vun naturpark.lu:
En Naturpark ass zu Lëtzebuerg laut Reglement grand-ducal ëmmer fir 10 Joer gegrënnt. Duerno muss nees eng ganz Prozedur duerchlaf ginn. Um Programm stinn dobäi e Bilan iwwer déi lescht 10 Joer, eng detailléiert Etude an donieft och Biergerbedeelegung.
D’Wuert Biergerbedeelegung ass gefall – wéi kann een sech dann do aktiv mat abréngen?
Mir organiséieren zum Beispill Biergerbedeelegungsworkshoppë, bei deene fir d’éischt eng Presentatioun iwwer déi aktuell Aarbechtsberäicher a Projeten aus dem jeeweilegen Naturpark gemaach gëtt. Duerno ginn d’Participanten a méi kleng Gruppen opgedeelt fir eis op themateschen Dëscher hir Iddie fir d’Zukunft matzedeelen.
Wéini a wou sinn déi Workshops dann?
Deen nächste Workshop dee virun der Dier steet ass Samschdes, den 28. Juni vun 9 bis 13:30 zu Steenem am Natur- & Geopark Mëllerdall. All d’Detailer an de Link fir sech unzemelle ginn et op naturpark-mellerdall.lu.
Den 9. Juli wäert och nach owes um 7 Auer e Workshop zu Béiwen am Naturpark Öewersauer sinn. All d’Informatiounen an de Link fir sech unzemelle ginn et op naturpark-sure.lu.
Kann een dann och vun doheem matmaache fir seng Meenung ofzeginn?
Natierlech. Am Naturpark Öewersauer an am Natur- & Geopark Mëllerdall lafen den Ament Online-Ëmfroen. Dës sinn op verschiddene Sproochen disponibel a kënnen innerhalb vun 10-15 Minutten ausgefëllt ginn. Ze fanne sinn se op naturpark-sure.lu, respektiv naturpark-mellerdall.lu.
Den Naturpark Our ass scho bësse méi wäit mat der Prozedur. Wat steet dann do lo nach un?
Am Naturpark Our gëtt den 21. Juli owes um halwer 6 offiziell a Presenz vum Här Minister Claude Meisch d’Dokument vun der Etude détaillée um Buurschter Schlass virgestallt. Hei ass jiddereen häerzlech wëllkomm, et sollt een sech awer am Virfeld iwwer info@naturpark-our.lu umellen.
D’Dokument gëtt an dëser Phase och an alle betraffene Gemengen ausgeluecht, wou d’Bierger et kënne kucken an hir Remarquen dozou kënne matdeelen.