AustralienClever Villercher befreie sech vun hire Peilsender

RTL Lëtzebuerg
E Gepäck, datt d'Déieren op de Réck fixéiert kruten, sollt fir Fuerschungszwecker den Déieren hiert Beweegungsprofil an hiert Sozialverhalen opzeechnen.

Ma d’Grupp vun Gymnorhina tibicen, oder Flötenkrähenstaren op Däitsch genannt, hate wéineg Loscht, e klenge Rucksak mat sech ronderëmzeschleefen an d’Déieren hu sech eegestänneg vun dem extra Gewiicht befreit. Domadder haten d’Fuerscher vun der University of the Sunshine Coast awer net gerechent. U sech wollte si hiert d’Beweegungsprofil an hiert Sozialverhalen analyséieren, “amplaz goufe mer awer vun de Vigel ausgetrickst” schreift d’Dominique Potvin, Dozentin fir Déierenökologie an Deel vum Fuerscherteam aus Queensland.

D’Déieren, déi am Down Under liewen, hätte sech ganz séier zesummefonnt, fir eben alleguerten zesummen e Problem, deen d’Grupp huet, ze léisen. D’Flötenkrähenstaren hätten de Fuerscher no hei e komplett onbekannt Sozialverhale gewisen, datt bei Vigel just ganz seele virkënnt.

Mir wëssen zwar, datt dës Vigel intelligent a sozial Wiese sinn, et ass awer déi éischte Kéier, datt mir dës Aart vun altruisteschem Verhalen erlieft hunn: Engem anere Member an der Grupp ze hëllefen, ouni eng direkt Belounung dofir ze kréien.” Et ass net kloer, op ee Vugel all seng Kolleege vum Sender befreit huet oder ob d’Grupp sech d’Aufgab gedeelt huet.

Back to Top
CIM LOGO