
De Fuuss ass en Opportunist, ass virwëtzeg a gëtt och nach “Kulturfolger” genannt. Et geet him dorëms, Fudder ze fannen an dowéinst taucht en ëmmer méi dacks an den Dierfer an an de Stied op. Och wann en nach esou léif ass, besonnesch déi Kleng, soll een de Fuuss op kee Fall fidderen, esou d’Direktesch vun der Fleegestatioun fir wëll Déiere vun Diddeleng, d’Jill Gaasch. Et ass wichteg, en net un de Mënsch ze winnen. Dowéinst soll ee kee Kazefudder oppen dobausse stoen hunn an et soll een och de Kompost, wa méiglech, zou maachen. Souwisou brauch de Fuuss eis net fir z’iwwerliewen. Ausser wann e lo blesséiert ass, da kann een d’Fleegestatioun kontaktéieren oder en an enger vun den Drop-off Statiounen zu Diddeleng, Jonglënster, Nidderfeelen oder Klierf ofginn. Wann ee lo kleng Fiiss ouni Mamm gesäit, da soll ee se fir d’éischt e puer Stonnen aus der Distanz beobachten, fir erauszefannen, ob hir Mamm nach zréckkënnt. Déi Kleng hunn nach keng Angscht virum Mënsch entwéckelt. D’Mamm awer schonn an dowéinst kann et sinn, datt si sech verstoppt huet. Déi kleng Fiiss kommen an de Méint Mäerz an Abrëll op d’Welt. Déi éischt 3-4 Woche verbrénge si am Bau an duerno entdecke si d’Ëmgéigend. Ongeféier vum August u si si selbststänneg an dowéinst siche si sech dann hiren eegenen Territoire.
Et brauch ee keng Angscht ze hunn, datt de Fuuss Tollwut iwwerdréit. Zënter Jore si Lëtzebuerg an och d’Nopeschlänner Tollwut-fräi. D’Kadavere vun de Fiiss, déi fonnt ginn, gi reegelméisseg vun der Veterinärsinspektioun op Tollwut getest. Allerdéngs kann de Fuuss de Fuussebandwuerm iwwerdroen, wann een en upéckt. Schonn eleng fir dat z’evitéieren, soll een e blesséierte Fuuss net einfach esou upaken. Et kann een Händchen undoen oder zum Beispill en Handduch huelen, erkläert d’Jill Gaasch weider. Dëst ass och ëmmer unzeroden, well de Fuuss d’Räude kann hunn. Dës Hautkrankheet, déi iwwert Milben iwwerdroe gëtt, ass fir de Fuuss meeschtens déidlech. Fir de Mënsch ass se net schlëmm; mat Medikamenter kann een de Bass rëm an de Grëff kréien. Da ginn et zënter Dezember 2020 vill Fäll vu Staupe bei de Fiiss. Bei dësem Virus bleift dacks just nach d’Méiglechkeet de Fuuss anzeschléiferen. D’Hënn kënnen d’Staupe och kréien, mee si gi schonn als Welpen dogéint geimpft an dowéinst stellt se keng Gefor fir si duer. Et ass also recommandéiert, fir d’Impfunge vum Hond ëmmer à jour ze halen. Allerdéngs ass et awer esou, datt ee Fuuss net krank muss sinn, wann en net direkt fort leeft, wann en e Mënsch gesäit. De Fuuss gëtt eben ëmmer manner schei.
De Fuuss gräift ni ouni Grond un. An deen ass, wann een en an den Eck dréckt, esou, datt e keng Méiglechkeet méi gesäit fir ze flüchten. Dowéinst soll ee säin Hond am Bësch bei sech halen an en net queesch duerch de Bësch lafe loossen. An der Fleegestatioun fir wëll Déieren di si Schutzkleedung an Händchen un, fir d’Fiiss kënnen ze fleegen. Just déi schwéier blesséiert Fiiss wiere sech kaum.
Da soll een en Hénger- respektiv Kanéngerchersstall och esou ofsécheren, datt kee Fuuss an och kee Marder ra kënnt. Dëst gëllt och fir am Dag, och do kënnen d’Fiiss aktiv sinn.