Stellt iech dat awer elo net vir, ewéi wann do Biischte géife gedréint kommen, etc. Nee, et muss ee selwer Hand uleeën, mä et erspuert engem doheem, dass d’Buedzëmmer dono op der Kopp ass.
Den Tiago Bastos wousst scho vu Klengem un, dass hien herno a sengem Beruff eppes mat Déiere wéilt ze dinn hunn. Am Alter vun 32 Joer huet hie sech elo säi Liewensdram erfëllt: säin eegenen Déierebuttek. A genee dat huet him och d’Iddi ginn, fir e puer Meter méi wäit virun der Dier vun engem Akafszentrum zu Iechternach senge Clienten eng Wäschanlag fir Muppen unzebidden.
Dës Kabinn erspuert engem villes, wat een doheem net esou gär huet: en naasst Buedzëmmer an iwwerall Hondshoer. Fir de Client ass et méi praktesch a manner Zäitopwänneg ewéi doheem, fir den Tiago bleift do awer munchmol genee dee Problem, well net jidderee verléisst d’Kabinn esou, ewéi e se virfonnt huet.
Ma et ass e Service, deen vu villen Déierefrënn appreciéiert gëtt an deen och “user friendly” ass, well u sech kann een näischt falsch maachen an et passéiert och näischt mam Hond, ausser, dass e propper gëtt.
Tëscht 3 a 15 Euro kascht esou eng Wäsch, de Präis hänkt ëmmer vun der Gréisst vum Hond of an natierlech och vun deem sengem Behuele wärend dem Wäschen.