 
                    © Roland Miny
Dës Woch goufen am nationalen Tennis bei den FLT Masters 2022 nees déi bescht Tennisspiller an Tennisspillerinne gesicht.
E Sonndeg stoungen zu Esch d'Finalle vun de FLT Masters um Programm. Bei den Dammen huet sech d'Marie Weckerle 6:2 a 6:0 géint Tatiana Silbereisen duerchgesat.
Bei den Hären huet sech den Titel de Gilles Kremer geséchert. Hien gewënnt an engem méi enke Match mat 7:5 a 7:6 géint den Christophe Nickels.
E Samschdeg ass d'Finall am Dubbel scho gespillt ginn. De Charles Berna a Noé Plique gewannen den Titel am Hären-Dubbel. D'Finall bei den Damme war dunn nach um spéide Sonndeg Owend. D'Koppel Erna Brdarevic an Tatiana Silbereisen gewanne mat 4:6, 6:4 a 10:6 géint Amélie Weckerle a Marie Weckerle.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
 
                 
                     
                     
                     
                    