Den Ierfgroussherzog Guillaume stoung zanter senger Gebuert an der Ëffentlechkeet. Mat 19 Joer ass hie seng offiziell Roll ugetrueden.

A sengen 20er huet hien nieft senge Studie Lëtzebuerg op internationalem Niveau vertrueden. Den 30. Gebuertsdag war eng speziell Etapp a sengem Liewen, dat sot den Ierfgroussherzog am Interview 2011. "Mat 30 kënnt een an eng aner Etapp vu sengem Liewen, mat méi Responsabilitéiten a wou een eben och net méi sou richteg d'Jugend huet, fir vläicht e puer aner Saachen z'entschëllegen oder als naiv ze betrachten"

An eng éierlech Äntwert op eng ganz perséinlech Fro, sollt de Verlaf vun den nächste Joren ukënnegen. An déi Fro betrëfft d'Fro no enger Frëndin...

"Jo, ech hunn eng Frëndin", hat et do geheescht an de 27. Abrëll 2012 war et sou wäit. Den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Comtesse Stéphanie de Lannoy hu sech verloobt. "Ech si ganz frou a ganz stolz, fir de Lëtzebuerger meng Fiancée virzestellen, d’Stéphanie, an et ass mat vill Emotioun an eng ganz grouss Freed". 

Verlobungsfotoe si gemaach ginn an d’ganz Land huet sech op eng Prënzenhochzäit virbereet an dat war nawell net evident. "Et ass eng komesch Saach, wann ee säin Gesicht iwwerall gesäit", hat de Prënz Guillaume gemengt, ma seng Zukünfteg huet dat anescht gesinn: "Moi je me réjouis parce que je vois Guillaume partout, même quand il n’est pas à côté de moi".

Verléift, verloobt, bestuet

Den 20. Oktober 2012 huet d'Koppel sech d’Jo-Wuert ginn. Lëtzebuerger an international Kinnekshaiser hunn zesumme gefeiert. De Grand-Duc an houfrege Papp hat eng emotional Ried um Gala-Dinner gehalen: "En vous observant, il n’y a aucun doute possible. Vous êtes fait l’un pour l’autre. Cher Guillaume nous sommes fier de toi. Tu es un homme de Devoir, ...., nous sommes toujours là pour vous soutenir si vous en avez Besoin".

Net manner emouvant ass et weidergaange mat der Hochzäit mat vill Virfreed op déi gemeinsam Zukunft.

Am Joer 2016 huet déi Ierfgroussherzoglech Koppel e grousse gemeinsame Projet lancéiert. De Main de Maître, wou se hir gemeinsam Interesse matenee verbannen. 
"Et sinn zwee Voleten, engersäits fir meng Fra d'Kultur, fir mech méi de wirtschaftleche Volet, an do hu mer virun e puer Méint d'Fro gestallt, 'wéi kënne mer d'Handwierk an de Vierdergrond stellen?".

Fir eng Weiderbildung huet et 2018 den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra op London gezunn. "D'Iddi vum Life long learning, déi gëllt fir jiddereen", hat de Prënz Guillaume ze bedenke ginn.

Et gouf och traureg Amenter. Am Abrëll 2019 ass de Grand-Duc Jean gestuerwen.

"Fir mech perséinlech, et ass e grousse Verloscht, well mäi Grousspapp war eng Persoun, déi ëmmer en oppent Ouer hat fir eis alleguerten".

Enn 2019 dann nees eng gutt Nouvelle, d'ierfgroussherzoglech Koppel erwaart e Kand. "Et ass natierlech e ganz ganz grousst Gléck fir eis allen zwee. Op dee Moment hu mer scho laang gewaart, lo ass en do".

Den 10. Mee 2020 koum de klenge Prënz Charles op d'Welt. Dono huet déi Ierfgroussherzoglech Koppel sech zu Fëschbech niddergelooss. Hei hate si ee wonnerbare Start an d'Familljeliewen zu Drëtt an dat trotz Pandemie.

Z dräi si se antëscht och net méi. Am Mäerz 2023 koumen op en Neits gutt Nouvellë  vum Haff. De Prënz François koum op d’Welt an huet d’Familjegléck perfekt gemaach.