21 Kanouneschëss an Interview mam Pierre Dillenburg

D'Grande-Duchesse e Méindeg den Owend virun der Maternité.
D'Maison du Grand-Duc huet e Méindeg de Moien d'Gebuert vum Prënz François annoncéiert.
E Méindeg de Moien um 10.05 Auer huet d'Ierfgroussherzogin Stéphanie en zweete Bouf op d'Welt bruecht. De Fils vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra ass 53 Zentimeter grouss a weit 3,5 Kilo. Säi ganzen Numm ass François Henri Luis Marie Guillaume.
Fir dëst unzekënnegen, huet d'Lëtzebuerger Arméi um Méindeg den Owend 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff ofgeschoss.
Ma wéi eng Roll wäert de klenge Prënz an den nächste Joren anhuelen a vu wou kënnt den Numm François? Mir hunn eis mam Adels-Expert Pierre Dillenburg iwwert den Nowuess um Haff ënnerhalen.
Der Mamm an dem Puppelche geet et gutt, heescht et weider vum Haff.
An der Police-Loge vum Palais wäert vun en Dënschdeg u wärend 3 Deeg e Regëster leien. Och per Post ka gratuléiert ginn.
Wie felicitéiere wëll, kann dat um Site monarchie.lu maachen.
Amplaz vu Kaddoe géif d'ierfgroussherzoglech Koppel sech iwwer en Don un d'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf freeën.
Enn September hat déi ierfgroussherzoglech Koppel annoncéiert, dass si en zweet Kand erwaarden. Do hat et geheescht, d'Kand wier fir den Abrëll geplangt.
Schreiwes vum Haff
Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin hunn déi grouss Freed, d’Gebuert vun hirem Jong matzedeelen. Hien ass haut, Méinden, de 27. Mäerz 2023 um 10.04 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm.
De Prënz kritt de Virnumm François Henri Luis Marie Guillaume. Hien huet e Gewiicht vun 3,575 Kg an eng Gréisst vun 53 cm.
Der Prinzessin Stéphanie an dem Puppelche geet et gutt.
D’Ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles freeën sech drop, Iech de Prënz François kënne virzestellen.