25 Joer Grand-Duc Henri a Grande-Duchesse Maria Teresa
E Véierelsjoerhonnert un der Spëtzt vum Land: Impressiounen aus dem Liewe vun der groussherzoglecher Koppel. Den RTL Spezial vum Dënschdeg am Replay.
De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa ginn am Oktober an d'Pensioun. 25 Joer war den 1. Fils vum Grand-Duc Jean Staatschef vu Lëtzebuerg. 25 Joer, déi eng Moderniséierung vum Land begleet hunn. E Véierelsjoerhonnert, dat awer och gezeechent war vun Trauer, mee gradesou vum "No-vir-Kucken", fir d’Monarchie prett ze maache fir d'Joerzéngte vu muer.
D'Monique Kater huet e klenge Resumé vun de 25 Joer Règne vum Grand-Duc zesummegeschnidden. Den RTL Spezial vum Dënschdeg den Owend (nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg) fannt Dir natierlech och hei op RTL.lu an op RTL PLAY.
NATIONALFEIERDAG 2025: Eisen Dossier mat News, Videoen a ville flotte Fotogalerien.
Offizielle Film "Histoire d'un règne"
Op der ziviller Zeremonie vum Nationalfeierdag e Méindeg de Moien an der Philharmonie gouf och e Film iwwer déi 25 Joer Règne vum Grand-Duc Henri gewisen. De Film vun Feelingside Productions fannt Dir och op RTL PLAY an och heidrënner (am Original an och eemol mat franséischen an eemol mat engleschen Ënnertitelen).
RTL-NEWS: Film 25 Joer Règne – Erënnerungen, Emotiounen, Mercien – elo am Replay.
Den Nationalfeierdag 2025 am Replay
RTL-NEWS: Grand-Duc Henri: "Bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen".
RTL-NEWS: Vill flott Andréck: Arméi- an zivil Gefierer an der Neier Avenue.