Laptop geklautDreet dem Berliner Wëllschwäin elo d'Ofschosslëscht?

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et viru ronn 2 Wochen zu engem Virfall koum, wëllen d'Fierschter vu Berlin d'Wëllschwäin a seng Kleng am Ae behalen.

Um Teufelssee, deen am Grünewald Park zu Berlin läit, koum et virun e puer Wochen zu engem Tëschefall, bei deem e Wëllschwäin Iessensreschter an och eng Tut mat engem Laptop dra geklaut hat. Op Dauer wier d’Situatioun um Teufelssee net akzeptabel, sot e Spriecher vun de Fierschter. Ma ob a wéini d’Wëllschwäi erschoss soll ginn, kéint een nach net kloer soen. Wéinst der aktueller Situatioun wier awer keng séier a geziilt Juegd op d’Déier virgesinn.

Et wier déi falsch Joreszäit, fir Wëld z’erleeën, an donieft wieren déi kleng Wëllschwäin och nach vill ze jonk. D’Fierschter hoffen op méi schlecht Wieder, sou datt d’Déieren eng aner Strategie musse fannen, fir sech op d’Sich no Iessen ze maachen. Si hunn et um Séi nämlech op d’Iessen an den Dreck, dee vun de Gäscht hannerlooss gëtt, ofgesinn.

Back to Top
CIM LOGO