An den USAD'Wëllef kruten hire Schutzstatus zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Riichter huet de Schutzstatus fir Wëllef an den meeschten US-Staaten nees retabléiert.
© AFP

Den Jeffrey White huet d’Decisioun vum fréieren US-President Trump, de Wollef vun der Lëscht vun de menacéierten Déieren erofzehuelen, als onzoulässeg erkläert. Déi zoustänneg Naturschutzagence FWS hätt bei hirer Decisioun am Oktober 2020 net genuch drop opgepasst, dass de Wollef och baussent de Regioune ronderëm grouss Séien an nërdlech vun de Rocky Mountains menacéiert ass. Do, wou besonnesch vill Populatioune liewen, sou de Riichter an der Begrënnung vum Urteel.

Ëmweltschützer begréissen d’Decisioun. Et wier eng Victoire fir d’Wëllef am ganze Land, huet et vum Zentrum fir biologesch Diversitéit geheescht. D’FWS misst sech fir d’Erhuele vun Déierepopulatiounen asetzen an net dofir, Déieren “vireileg” hire Schutzstatus ewechzehuelen.

Wëllef waren an de 1970er Joren an den USA op der Lëscht vun de menacéierten Déierenaarten opgeholl ginn. Gouf et soss ronn eng Véierel Millioun Wëllef an den USA, goufe si an de Joerhonnerten, nodeems westlech Siidler ukomm waren, quasi ausgerott. Schätzungen no liewen antëscht just nach eng dausend Wëllef südlech vun der Grenz zu Kanada. Wéi hinnen 2020 de Schutzstatus entzu gouf, waren et ronn 6.000.

Nodeems si vun der Lëscht vun de menacéierten Déiere gestrach goufen, sinn honnerte Wëllef doutgemaach ginn. Ee Fall hat fir besonnesch vill Opreegung gesuergt: am Bundesstaat Wisconsin sinn am Fréijoer 2021 a manner wéi 3 Deeg iwwer 200 Wëllef ëmbruecht ginn.

Ma och dem Trump säin Nofollger, den Joe Biden, hat dru festgehalen, dass de Schutzstatus vun de Wëllef soll gestrach bleiwen. Wéi gesot huet elo e Riichter intervenéiert an d’Wëllef gëlle nees als geschützten Aart. D’Urteel betrëfft 44 vun de 50 US-Bundesstaaten. An e puer Bundesstaaten, besonnesch an Alaska, ass d’Juegd op Wëllef legal.

Back to Top
CIM LOGO