"Katastrophal Blessuren"Éischt déidlech Haiattack zu Sydney zanter Joerzéngten

RTL Lëtzebuerg
Bal 60 Joer laang bloufen Waassersportler a Schwëmmer zu Sydney vun déidlechen Attacke vu Haie verschount. Elo koum e Mann bei engem Ugrëff ëm d'Liewen.

Am Mier viru Syndney gouf déi éischte Kéier zanter Joerzéngten e Schwëmmer vun engem Hai ugegraff. D’Attack war e Mëttwoch am Nomëtteg géint 16.30 Auer am südëstleche Faubourg Little Bay geschitt. Esou zitéiert d’Noriichtenagence AAP déi australesch Police.

Éischten Informatiounen no wier d’Affer net wäit vum Ufer an der Géigend vu Fielsen vun engem Wäissen Hai attackéiert ginn. Engem Fëscher no, deen an der Géigend war, hätt hie Kreesch héieren an doropshin ee méi wéi véier Meter laange Wäissen Hai am Waasser gesinn. De Mann hätt der Spriecherin vum Rettungsdéngscht no “katastrophal Blessuren” gehat. Am Mier hätt een nach mënschlech Iwwerreschter a vill Blutt fonnt. D’Police war ënnert anerem mat Helikopteren am Asaz.

Der Zeitung “Sydney Morning Herald” no wier et déi éischt déidlech Attack an der Milliounemetropol Sydney zanter 1963. D’Plage wier nom Virfall bis en Donneschdeg zou.

Back to Top
CIM LOGO