
“Dierf ech virstellen: d’Willow!": D’First Lady Jill Biden huet héchstperséinlech bekannt ginn, datt d’Presidentefamill e weidert Hausdéier opgeholl huet. Op Twitter huet si e puer Fotoe mat der Kaz gepost.
Déi gro-getigert Kaz wier schonn zwee Joer al a kéim vun engem Bauerenhaff am Bundesstaat Pennsylvania. Benannt hunn d’Bidens hiert neit Hausdéier no der Heemechtsstad vum Jill Biden “Willow Grove”.
Deen éischte Kontakt tëscht der First Lady an der First Cat ass awer schonn e bëssen hier: D’Willow hätt 2020 bei engem Treffen e bleiwenden Androck beim Jill Biden hannerlooss. D’Kaz wier deemools wärend engem Walkampfoptrëtt op d’Bün gesprongen an hätt der First Lady hir Ried ënnerbrach.
Wéi de Besëtzer vum Haff d’Relatioun tëscht deenen zwee gesinn huet, wier him direkt kloer gewiescht, datt d’Kaz zu hir gehéiere géing. Fir sech am Wäissen Haus anzeliewen, krut d’Willow extra “hir Liblingsspillsaach, Leckerlien a vill Plaz” fir ronderëm ze schnupperen an hiert neit Doheem z’entdecken.
D’Bidens hate schonn nodeems de President säin Amt ugeholl huet, zwee Däitsch Schéiferhënn, de Major an den Champ mat an d’Wäisst Haus bruecht. Den Champ war awer leider de leschte Summer verstuerwen an de Major lieft haaptsächlech am Haus vun de Bidens zu Wilmington. Dat well hie Mataarbechter am Wäissen Haus gebass soll hunn. Am Dezember hat d’Presidentefamill dowéinst en neie Mupp bei sech opgeholl: de Commander.
D’First Lady Jill Biden hat scho viru sëllege Méint ugekënnegt, datt och eng Kaz an d’Wäisst Haus komme sollt. Hausdéieren hunn am Presidentenhaus eng laang Traditioun, virun allem Hënn. Eng Ausnam war d’Presidentenzäit vum Donald Trump, dee keen Hausdéier hat.