NorwegenEnglesch Bulldog a Cavalier Spaniel dierfen net méi geziicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Béid Rasse si bei Hondsfrënn immens beléift. Duerch d'"Qualzuucht" ginn dës Muppen allerdéngs heefeg krank.
© AFP

Englesch Bulldoggen a Cavalier King Charles Spaniel sinn ënnert anerem bekannt fir hir léif Schnuffen. Duerch markant Mierkmoler wéi hir kuerz Nues oder grouss Ae stieche si besonnesch ervir. Dës Eegenschafte komme bei ville Keefer gutt un, ma d’Déiere selwer leiden allerdéngs ënnert de Mierkmoler, déi ugeziicht ginn. Fir deem entgéintzewierken an d’Wuel vun den Déieren an de Virdergrond ze stellen, gouf an Norwegen d’Zuucht vun de Rassen Englesch Bulldog a Cavalier Spaniel verbueden. En entspriechend Gesetz gouf viru Kuerzem am skandinavesche Land gestëmmt.

Experte ware sech eens, datt een d’Zuucht vu béide Rassen net méi toleréiere kéint a se misst verbuede ginn. Duerch déi sougenannten “Qualzuucht” wier de Risk bei béide Rasse grouss, fir krank ze ginn.

Englesch Bulldogge leiden zum Beispill duerch déi platt Nues, d’Falen am Gesiicht an hire breede Kapp heefeg un Aen- an Otemproblemer. Cavalier King Charles Spaniel dogéint si vill mat Häerzerkrankunge geplot. Eng Etüd vun der schwedescher Universitéit zu Uppsala huet erginn, datt si esouguer méi krankheetsverursaachend Genmutatiounen a sech droe wéi aner Rassen.

Back to Top
CIM LOGO