Onerwaarte BesuchFra aus Nordrhein-Westfalen entdeckt Wëllschwäin an hirer Stuff

RTL Lëtzebuerg
Wéi eng 39 Joer al Fra aus Hagen doheem ukomm ass, huet si net schlecht gestaut, wéi op eemol e wëllt Déier an hire véier Wänn op si gewaart huet.
© Polizei Hagen, übermittelt durch news aktuell

Glécklecherweis hat d’Déier si dee Moment nach net erbléckst, sou dass si d’Dier nees séier zougemaach an d’Police ëm Hëllef geruff huet. Wéi d’Beamte bis op der Plaz waren, hat de Véierbeener d’Stuff schonn ausenee geholl an et sech duerno gemittlech op der Couche gemaach.

D’Poliziste ginn dovunner aus, dass d’Wëllschwäin duerch d’Terrassendier an d’Haus erakomm ass. Wéi d’Dier dunn zougefall ass, war d’Déier am Haus gefaangen.

Wëllschwäi kënne fir de Mënsch zimmlech geféierlech ginn. Dowéinst hunn d’Beamten zesumme mat engem Jeeër no enger Méiglechkeet gesicht, dat ronn 60 Kilo schwéiert Schwäin ouni gréissere Stress aus senger mësslecher Lag ze befreien. Virsiichteg hu si d’Hausdier opgemaach. An do huet d’Déier och net laang gewaart, fir erauszelafen, iwwert en Drot ze sprangen a seng Fräiheet ze genéissen.

Back to Top
CIM LOGO