MyanmarFuerscher hu bannent 10 Joer 100 nei Déierenaarten entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Afen déi néitschen, Geckoen, Muschelen: an de leschten 10 Joer hu Fuerscher am Myanmar eng erstaunlech Aartevillfalt am Land entdeckt.
© AFP

Dat huet d’Organisatioun Fauna and Flora International (FFI) matgedeelt. Dës eminent Rei vun Entdeckungen hunn 2010 mam Rhinopithecus strykeri ugefaangne, engem klenge schwaarze Primat, deen och - op däitsch iwwersat - als “niesender Stumpfnasenaffe” bekannt ass.

Den Awunner no ass deen Af liicht ze fannen, viurn allem wann et reent: Da sammelt sech d’Reewaasser a senger flaacher Stuppsnues, wouduerch d’Déier dann néitsche muss.

An der Lëscht vun den neien Déierenaarten ass och ee Kriibs, déi an Hiele wunnt; e Schleek, dee Fleesch frësst a 17 Aarte vu Séisswaassermuschelen. D’Fuerscher hunn donieft 37 verschidde Gecko-Aarte fonnt, déi immens verstoppt am Oste vum Land liewen, zum Beispill op Hiwwelen oder an Hielen.

“De Myanmar bitt e biologesche Räichtum, vun deem déi meeschte Länner nëmmen dreeme kënnen”, erkläert d’FFI. D’Organisatioun warnt awer och viru Menacen, wéi d’Ofholze vu Bëscher, d’Juegd, d’Landwirtschaft an den Ausbau vun Infrastrukturen.

Back to Top
CIM LOGO