
Riets geet vum Wrestling, deen an den USA jo sou gefeiert gëtt, wéi soss bal néierens op der Welt. Wat natierlech net feelen dierf, ass och hei e Videospill, wou een sech da selwer an der Stuff sou richteg an d’Seeler ka geheien.
De Paul Heyman ass eng Legend am Wrestling, dat virun allem als Manager a Mann hannert de Kulissen. Dat mécht hien zu der Idealbesetzung fir de Story-Modus, esou de Jesus Iglesias vum Entwécklerstudio Sabre Interactive.
„Et spillt ee mat engem vu 7 Charakteren an et trëtt een op der ganzer Welt géint ënnerschiddlech Géigner un. An de Paul Heyman pusht dech a Richtung Succès. Mir waarden op dech!“
So ënnerhalsam d’Story och ass, déi wierklech Stäerkte vum Spill leien definitiv an de Multiplayer-Matcher.
„ Et kann een online mat bis zu 3 Frënn spillen. Mir hu verschidde Spill-Modussen agebaut, dorënner „Fatal-4-Way“ oder „King oft the Ring“. Beim „Jump in“ muss ee sou laang wéi méiglech am Match bleiwen. D’Spill belount dech fir d’Zäit, déi s de am Match bleifs.
WWE 2K Battlegrounds ass keng Simulatioun, mä konzentréiert sech komplett op Wrestling-Action déi Spaass mécht.. Da fänkt mam Comic-méissegen Ausgesi vun de 70 Wrestling-Staren un a fënnt säin Héichpunkt am Laf vum Match.
„Et gi klassesch Wrestling-Attacken, ma awer och vill Elementer, déi een am richtege Wrestling ni géif gesinn: Et kann ee Meter-héich sprangen, Super-Attacken ausléisen an d’Géigner duerch d’Arena geheien. Et gëtt souguer d’Méiglechkeet de Kampfring komplett ze zerstéieren… Ma dat sinn nëmmen e puer vu villen ënnerhalsame Méiglechkeeten am Spill.“
WWE 2K20 ass fir PC, Switch, PS4 an Xbox One erauskomm.
A wien d’Spill fir Steam gewanne wëll, deen huet elo d‘Méiglechkeet. Mir verspillen nämlech eemol WWE 2K20 op Steam.