Assassin’s Creed Ragnarok-Leak2020 soll d'Spill fir d'Next-Gen Konsolen erauskommen

RTL Lëtzebuerg
D'Serien Fans vun Vikings kéinten am neien Assassins Creed op hieren Goût kommen... Den neien Assassins Creed gëtt vun Ubisoft Montreal entwéckelt.
© reddit

Momentan steet den neisten Assassins Creed Ragnarok nach ënnert dem Code Numm “Kingdom”. D’Spill soll 2020 och scho fir Next-Gen Konsole kommen! Den Haaptcharakter ass ee Partner vum Ragnar Lothbrok a soll beim Opbau vun der “Great Heathen Army” hëllefen.

D’Kaart ass a verschiddenen “Königreiche” agedeelt, déi ganz Groussbritannien, Dänemark, Schweden, Norwegen a Finnland ëmfaassen. Dës “Königsreiche” sinn a verschidde Regiounen agedeelt an deenen sech Siidlunge befannen. Et ginn nees Eruewerungsschluechte wéi bei AC Odyssey.

D’Spill soll ee Coop-Modus hunn a ka fir Niewenquests an Erfuerschunge genotzt ginn. RPG-Elementer a Kämpf mat Schëffer kommen zréck. Den neien Assassins Creed gëtt vun Ubisoft Montreal entwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO