Op engem speziellen Event fir Partner vu Sony an Entwéckler, sollen et am Kader vun der Next-Gen-Reveal konkret Daten iwwert déi nei Playstation 5 gi sinn.

Am Moment ginn et schonn eng Partie Informatiounen doriwwer, wat d'Next-Gen-Konsol vu Sony wäert ze bidden hunn, respektiv op wéi eng Hardware ee setzt. Dës Informatiounen sinn nach extrem vague, ma goufen awer Mëtt Abrëll vu Sony an engem Interview mat der US-Zeitung "The Wired" confirméiert.

Hei eng Zesummefaassung wat bis elo sécher gewosst ass:

- et gëtt sécher eng Next-Gen-Konsol
- op déi nächst Konsol vu Sony Playstation 5 heesche wäert, wollt een bei Sony nach net confirméieren
- zënter 2015 gëtt schonn un enger neier Konsol geschafft
- d'Konsol kënnt op kee Fall 2019 eraus, 2020 schéngt als sécheren Datum
- et gëtt schonn u Spiller fir déi nei Konsol geschafft

Hardware:

- AMD stellt d'Hardware
- Ryzen-CPU (3. Generatioun) op Basis vun der Zen 2-Architektur am 7nm
- Navi-GPU mat Raytracing
- et soll extrem vill Wäert op de Sound geluecht ginn, virun allem Virtual Reality soll dat zu gutt kommen
- eng der Zäit ugepasste modern SSD, Luetzäiten sollen hei op e Minimum reduzéiert ginn
- 8K gëtt ënnerstëtzt

Ma op Reddit sinn awer eng ganz Partie nei Informatioune geleaked ginn, déi op engem speziellen Event fir Partner an Entwéckler bekannt goufen. Op dës Informatiounen och elo tatsächlech stëmmen, ass natierlech wéi ëmmer diskutabel, obwuel de User op Reddit souguer Fotoe vum Event selwer gepublished huet.

Hei eng Iwwersiicht iwwert weider Detailer, déi wéi gesot NET offiziell vu Sony confirméiert sinn:

Hardware:

- 8-Core Ryzen-CPU dee mat 3,2 GHz schafft
- Navi-GPU mat Raytracing / 56 Compute Units/ schafft mat 1,8 GHz a kéim op en Recheleeschtung vun 12,9 TFLOP
- AMD Gonzalo-APU
- 24 GiByte Haaptspäicher
- Mëschung aus SSD an HDD soll geplangt sinn
- PS4-Spiller sollen onemuléiert, also nativ op der PS5 lafen. E Boost-Mode soll d'Spiller nach besser lafe loossen
- PS3-Spiller sollen net op der PS5 lafen, heivir géif et Playstation Now ginn
- et setzt ee gären op e "Premium"-Produit dee Leeschtung liwwert