Wéi vill géif Dir fir eng Pokémon-Sammelkaart ausginn?

Bei enger Online-Auktioun an den USA huet ee Keefer sech d'Zomm vun 90.000 Dollar als Limitt gesat, an déi schlussendlech dann och fir eng extreem seele Sammelkaart bezuelt. 90.000 Dollar, dat sinn ëmgerechent ronn 80.000 Euro.

Déi sougenannten "Trainer-Kaart" wier de Präis fir eng Victoire bei engem regionale Qualifikatiouns-Turnéier gewiescht an hätt 1999 Accès fir ee Geheimturnéier ginn, dat seet op jiddwer Fall d'Auktiounshaus "Heritage Auction". Eréischt nom Erfolleg beim regionalen Turnéier wier ee gewuer ginn, wou d'Finall géif ausgedroe ginn.

A well et insgesamt just 7 vun dësen Turnéiere gouf, géif een eeben dovunner ausgoen, datt just 6 weider Kaarte vun där Zort am Ëmlaf wieren.