Comeback aus den 80erDen C64 kënnt nees op de Marché, dat a senger Originalgréisst

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Fans vun der sougenannter "Broutkëscht" huet d'Videospill-Geschicht mam Commodore 64 ugefaangen.
© Wikipedia

De gudden alen C64 kënnt nees zeréck, an dat net an enger Mini-Editioun wéi am Joer 2018, mä tatsächlech a senger Originalgréisst.

Entwéckelt gouf d’Neioplo vu Retro Games Ltd, dat zesumme mat Koch Media. De 5. Dezember 2019 soll dat gutt Stéck nees op de Marché kommen, dat fir 119,99€.

1982 ass den C46 Heem-Computer op de Marché komm an huet d’Gamingzeen an den 80er beaflosst, wéi keen aneren Apparat.

Milliounen där Computere goufen deemools verkaaft, elo kënnt dat gutt Stéck dann nees eraus, dat mat den ale Funktiounen, allerdéngs mat enger Rei Verbesserungen, wéi USB- oder HDMI-Uschlëss.

Back to Top
CIM LOGO