The Last of Us 2D'Spill soll elo de 19. Juni erauskommen

RTL Lëtzebuerg
Elo soll et net méi laang daueren, bis d'Zombie-Spill, dat jo exklusiv fir d'Playstation entwéckelt gëtt, erauskënnt.
© Screenshot Youtube

Ufanks war d’Enttäuschung grouss, wéi Sony ugekënnegt hat, dass “The Last of Us 2" wéinst der aktueller weltwäiter Pandemie d’Spill misst verréckelen.

Elo huet Sony awer e neien Datum, deen dann hoffentlech definitiv wäert sinn, nämlech den 19. Juni, dëst Joer wuel verstanen.

D’Spill hätt jo an sech sollten am Februar erauskommen. Dunn huet den Entwécklerstudio Naughty Dog den Datum op Enn Mee verréckelt, kuerz drop gouf et op onbestëmmten Zäit verréckelt.

Back to Top
CIM LOGO