
EA Access ass een Abonnement deen natierlech kascht. Pro Mount bezilt een entweder 3,99€ oder ee Joresabonnement fir 24,99€. Duerch EA Access huet een Zougang zu sämtlechen EA Spiller.
„Play-First-Trials“ erlaabt et bis zu 10 Stonnen Zougang op nei Spiller ze hunn déi eraus kommen. Fir FIFA 20 zum Beispill wäert dat de Fall sinn.
Et kritt een 10% op allen digitalen EA Produkter. Fir de Launch ass souguer Anthem, Battlefield V , Madden 19, Burnout Paradise Remastered, Titanfall 2, Mass Effect Andromeda, Sims 4 a vill weider Spiller dobäi.