
Wéi en Insider mellt, solle bei dësen Traileren och Spiller presentéiert ginn, déi bis ewell nach onbekannt waren. Et gëtt sech op alle Fall op Third Party-Spiller konzentréiert. Ënnert anerem gëtt spekuléiert, dass niewent Ubisoft och eventuell EA e neien Titel virstelle kéint.
Assassin’s Creed Valhalla steet op alle Fall sécher um Menü.
Spiller iwwert déi et Spekulatioune ginn, dass se presentéiert ginn ass e neit Batman-Arkham-Spill mam Numm “Court of Owls”, Dying Light 2 oder Lords of the Fallen 2.
First Party-Spiller sinn iwwregens sécher net inclus bei dëser Presentatioun. Eng eegen Trailer-Show soll dofir am Summer ginn.
De Stream selwer wäert en Donneschdeg de 7. Mee um 17 Auer lancéiert ginn a kann op de Channels vu Microsoft op Youtube, Twitch etc... suivéiert ginn.