
Mat Hëllef vun engem Tablet oder engem Computer, dat mat der Spillmatt verbonnen ass, loossen ouni Problemer Brietspiller zocken, ouni d’Spillreegele mussen ze liesen, et kann ee seng Aktiounen digital aginn oder d’Storys iwwert e Bildschierm liesen.
Och d’Positioun vun de Spillfiguren, Monsteren oder Wierfele gi vum Feld erkannt an iwwert eng App duergestallt. Souwuel d’Figuren, wéi och d’Wierfele wäerte mat Sensoren ekipéiert ginn, sou dass d’Feld all Zuch erkennt a weess wéi et weider geet.
Dat éischt Spill fir d’Konsol wäert Zombicide Evolution - Las Vegas sinn.Dëst Joer soll de Projet op Kickstarter presentéiert ginn.