
Eng ganz Partie Leit krute just Feelermeldungen, well déi verschidde Sitten, op deenen d’Playstation verkaf gouf, iwwerlaascht waren.
Net nëmmen, datt d’Konsol ganz nei ass, huet wuel fir dee groussen Undrang gesuergt, ma och d’Corona-Pandemie. An der sanitärer Kris ass d’Beléiftheet vu Video-Spiller a Konsolen nämlech extrem an d’Luucht gaangen.