
Och wann de Succès no an no ofgeholl huet, gouf et nach ëmmer eng handvoll Fans, déi d’Original gespillt hunn. Fir déi awer elo déi schlecht News. Enn 2020 wäert d’Spill net méi ze spille sinn. Grond dofir: Adobe wäert hire Flash Player net méi supporten an esou wäert och Farmville, wat just op dësem Player leeft, net méi gespillt kënne ginn.
Fans vum Original musse da wuel oder iwwel op Farmville 2 oder 3 ëmklammen.