
Datt Schwäin immens intelligent sinn, ass scho laang gewosst. Ma elo komme Fuerscher de Gefiller vun den Déiere méi genee op d’Spuer. Well ob Schwäi gutt oder schlecht gelaunt sinn, kann een um Grunze vun den Déieren erkennen. A positiv an negativ erliefte Situatiounen géing et däitlech Ënnerscheeder bei den Téin vun de Schwäi ginn. Dat geet aus engem Artikel vun engem Fuerschergrupp vun der Universitéit Kopenhagen ervir.
Deemno wier d’Grunzen a positive Situatioune méi kuerz a géing manner Schwankunge an der Lautstäerkt, Intensitéit an Tounlag opweisen.
Fir hir Recherche hunn d’Wëssenschaftler d’akustesch Eegenaarte vun iwwer 7.000 Tounopname vu 411 Schwäin analyséiert. Duerch dës Donnéeë konnte si en Algorithmus entwéckelen, mat deem ee rausfanne kann, wéi positiv oder negativ d’Gefiller vun engem eenzele Schwäin sinn. Also ob et “glécklech”, “begeeschtert”, “verängschtegt”, “gestresst” oder iergendwou dotëscht war. Dofir gouf d’Grunze vun den Déieren a positiv erliefte Situatiounen opgeholl, wéi beim Spillen am Fräien. Ma awer och an negative Situatiounen, wéi beim Kämpfen, Kastréieren oder Schluechten.
Fir dat mënschlecht Gehéier wieren déi reng akustesch Differenzen dacks net ze héieren. Dofir kéint den Algorithmus Baueren hëllefen, méi iwwer d’Wuelbefanne vun hiren Déieren gewuer ze ginn. Donieft hätte si meescht keng Zäit, sech eng hallef Stonn an de Stall ze stellen an nozelauschteren, wéi eng Téin hir Déiere vu sech ginn, wouduerch dacks vill Informatiounen iwwert d’Gefiller vun de Mamendéiere verluer ginn. Esou ass eng gewëssen Demande do no Technik, déi d’Gefillslag vun den Déieren iwwerwaacht.
Och aus der Politik géingen et Fuerderunge ginn, dass d’Wuelbefanne vun den Déiere kontrolléiert an dokumentéiert gi soll. Den neien Algorithmus bitt deemno sëllege Méiglechkeeten dofir. Elo bräicht et nach Leit, “déi den Algorithmus als App weiderentwéckelt, déi d’Baueren notze kënnen, fir d’Wuelbefanne vun hiren Déieren ze verbesseren”. Wann den Algorithmus gutt trainéiert géing ginn, kéint de System 92 Prozent vun den Téin de richtegen Emotiounen zougeuerdent ginn. Esou géing “e wichtege Schrëtt a Richtung vun engem verbesserten Déiereschutz fir Notzdéieren” geschaf ginn.