
Zanter iwwer 20 Joer gëtt iwwer d'sexuell Diskriminéierung beim Bluttspende geschwat. Gedoen huet sech bis ewell awer näischt, bedauert d'Presidentin vun der CCDH, d'Noémie Sadler.
"Momentan stéiere mer eis drun, dass et nach ëmmer eng allgemeng Exklusioun gëtt vu Leit, déi eeben eng homosexuell Orientatioun hunn an dann eeben zwielef Méint vun de Bluttspenden ausgeschloss sinn. Ganz onofhängeg, ob se elo an enger stabeler Relatioun sinn, oder eeben dacks de Partner wiesselen."
Fir heterosexuell Leit, ass dat net de Fall.
Zeréckzeféieren ass déi Diskriminatioun op eng Aids-Politik aus den 80er Joren. Dofir missten sech d'Krittäre fir Blutt ze spenden eigentlech mat de gesondheetlechen Entwécklunge weider evoluéieren, erkläert den Expert an den Affaires juridiques vun der CCDH, de Bob Kieffer.
"Déi Situatioun, wéi mer se an den 1980er Joren haten, ass eng aner wéi haut. Et ginn Depistage-Methoden, déi Tester, fir de VIH ze depistéieren. Wann een deen néidegen Delai ofwaart, leie bei knapp 100 Prozent, dat heescht, et gëtt scho relativ vill gemaach, fir d'Sécherheet vun de Spender a vun den Empfänger ze garantéieren."

Et misst dofir virop méi kloer gereegelt sinn, wat iwwerhaapt een "sexuell riskant Verhalen" ass. Dofir misst och de Questionnaire médical beim Bluttspenden adaptéiert ginn.
"Mer gesinn awer aus dem Ausland, dass ee kann zum Beispill Froe stellen, ob eng Persoun an Analsex engagéiert war. Wat jo eng Fro ass, déi da méi breet geet an déi souwuel heterosexuell, wéi homosexuell Leit concernéiert, anstatt dass ee lo just freet, hat dir als Mann Geschlechtsverkéier mat engem Mann? D'selwecht, eng Fro, déi ee sech stelle kann, ass ob ee geschützte Geschlechtsverkéier hat."
Dofir begréisst d'CCDH d'Gesetzespropos 8738 vun der LSAP, déi festhält, dass kee vum Bluttspenden dierf opgrond vu senger sexueller Orientatioun ausgeschloss ginn.
"Do stelle mir eis natierlech hannendrun, mer géife proposéieren se nach weider auszebauen, dass och Facteure wéi d'Expression de genre, d'Identité de genre an d'sexuell Charakteristike mat a Consideratioun gezu ginn."
Och aner Krittäre wéi den Alter kéinten nach eemol op de Leescht geholl ginn,sou heescht et vun der Mënscherechtskommissioun. D'Regierung hätt iwweregens och am Koalitiounsaccord versprach fir punkto Bluttspenden nozebesseren an op de Wee vun enger individueller Approche ze goen.