Police-BulletinAlkoholiséierte Mann beleidegt Fra, nodeems hie sech op hir Plaz gesat huet

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Rei Arrester vun e Méindeg den Owend.
© Laurent Weber

Géint 19 Auer ass der Police e Méindeg den Owend eng verbal Ausernanersetzung an engem Bus an der Stad gemellt ginn. E Mann soll sech op d'Sëtzplaz vun enger Fra gesat hunn a si beleidegt hunn, nodeems hien drop ugeschwat gouf. D'Beamten hunn de Mann staark alkoholiséiert ugetraff an hien no enger Kontroll an Arrest bruecht fir datt hien do rëm niichter konnt ginn.

An der Nuecht op e Dënschdeg ass géint 2 Auer eng Patrull op Weilerbaach an d'Route de Dikrech gefuer, well do e méiglecherweis alkoholiséierte Mann ronderëm gejaut huet. De Mann hat effektiv en héijen Alkoholwäert a gouf an e Spidol bruecht.

Um 2:15 Auer gouf dunn eng weider alkoholiséiert Persoun op der Strooss Beim Haff um Findel gemellt. De Mann hat probéiert eng aner Persoun an engem Logement fir Sans-Abris ze schloen a sech dunn onkooperativ géigeniwwer vum Sécherheetsbeamte beholl. Well sech säi Verhalen sech net gebessert huet nodeems d'Police agetraff war, gouf och hien an Arrest bruecht.

Back to Top
CIM LOGO