Mat enger neier Sensibiliséierungscampagne wëllen den Educatiounsministère a BEE SECURE déi Jonk dozou encouragéieren, hiren eegene Mediekonsum méi kritesch ze hannerfroen.
Den éiwege Begleeder. Ob am Bus, um Schoulhaff oder owes virum Schlofegoen: De Grëff zum Smartphone ass fir vill Leit, besonnesch Jonker, en Automatismus ginn. Aus e puer Minutte ginn da séier emol eng hallef Stonn oder méi. Am Forum um Geesseknäppche gëtt de Schüler dës Woch eng Alternativ gebueden. An engem sougenannten Offline-Eck kënne si sech mat verschiddenen Aktivitéiten d'Zäit verdreiwen – ganz ouni Smartphone.
Ee vun deene Jonken, dee säin eegene Mediekonsum mëttlerweil kritesch betruecht, ass de Schüler Kabir Singh. Als Digital Ambassador vu BEE SECURE huet hien un der neier Campagne matgeschafft. Virun allem owes géif him dacks opfalen, wéi vill Zäit hien am Laf vum Dag um Handy verluer huet.
"Amplaz Aarbecht ze maachen, hunn ech einfach dee ganzen Dag gescrollt." Dat hätt och reegelméisseg fir Frustratioun bei sengen Eltere gesuergt. "An dann hunn ech mer och gesot: Hei, ech muss dat ophalen. An dann hunn ech mer endlech eng Zäitlimitt gesat, 30 oder 45 Minutte pro Owend."
Dem nationale Jugendrapport vun 2025 no verbrénge ronn 80 Prozent vun de Jonken tëscht 12 an 29 Joer all Dag e Minimum vun zwou Stonnen an de soziale Medien. Gläichzäiteg sinn 59 Prozent vun de fir de BEE SECURE Radar 2026 befrote Jonken tëscht 17 an 30 Joer der Meenung, datt déi sozial Medien en negativen Afloss op hiert mentaalt Wuelbefannen hunn.
Firwat fält et eis dann awer esou schwéier, mam Scrollen opzehalen? Dem Jeff Kaufmann vu BEE SECURE no ass et eng Kombinatioun aus eisen eegene Gewunnechten an der Aart a Weis, wéi déi digital Plattforme funktionéieren.
"Et wëll een och näischt verpassen." Dobäi kéimen dann och d'Plattformen, déi esou funktionéieren, "fir eis bei der Staang ze halen, datt mer weider op deene Plattforme bleiwen."
Nieft der verluerener Zäit kéinten och de permanente Verglach mat anere Leit, d'Angscht, eppes ze verpassen, an déi konstant Konfrontatioun mat Noriichten iwwer weltwäit Krisen d'Wuelbefannen negativ beaflossen.
Mat dräi humoristesche Videoen, Plakater an engem Heft mat Spiller a Rätsel wëll déi nei Campagne "Gënn dir eng Paus vum Scrollen" virun allem Jonker tëscht 12 an 30 Joer erreechen. D'Videoen, déi ënnert anerem op Instagram an TikTok diffuséiert ginn, orientéiere sech un der Ästhetik vu Reklammen aus de 50er-Joren.
"Mir wollten eng Analogie maachen zu de Reklammen an de Fofzeger, déi Produite wéi Tubak deemools als eppes ganz Positives duergestallt hunn", erkläert de Jeff Kaufmann. "Mëttlerweil wësse mer, datt de Contraire de Fall ass."
Et geet der Campagne net drëms, déi sozial Medien ze verdäiwelen, mee dorëms, déi Jonk fir d'Mechanismen hannert de Plattformen ze sensibiliséieren.
Och fir den Educatiounsminister Claude Meisch ass den Equiliber tëscht dem reellen an dem virtuelle Liewe bei verschiddene Jonken net méi ginn. "Et feelt eebe villes. Dat ass den direkte Kontakt mat Frënn, mat anere Mënschen. Et ass de sozialen Austausch", esou de Minister. Och d'Langweil, aus där eraus eppes Kreatives kéint entstoen, géif ëmmer manner Plaz am Alldag fannen.
Déi nei Campagne ass Deel vun der Initiativ Screen-Life-Balance, zu där och d'Aschränkunge vum Smartphonegebrauch an de Schoule gehéieren.
"Mir wëssen och, datt e Verbuet oder just eng Campagne op där enger Säit net duergeet." Et misst een de Jonken och attraktiv Beschäftegungsméiglechkeeten am sportlechen, kulturellen a kreative Beräich ubidden. Ënnert anerem mat de Programmer MoVe a CreativeLab wëll de Ministère mam SNJ, dem Service nationale de la Jeunesse, esou Alternative schafen.
Fir den eegene Konsum besser ze reguléieren, recommandéiert BEE SECURE, mat klenge Verännerungen am Alldag unzefänken. "Zum Beispill eng Stonn laang den Handy einfach an en anere Raum leeën an dann awer ganz genee dat maachen, wat ee soss och géing maachen", erkläert de Jeff Kaufmann.
Och d'Desaktivéiere vun Notifikatiounen, Zäitlimitte fir eenzel Apps oder eng hallef Stonn ouni Smartphone virum Schlofegoe kéinten dobäi hëllefen, den Automatismus ze duerchbriechen. D'Zil ass net, komplett op déi digital Welt ze verzichten, mee nees méi bewosst ze decidéieren, wéi een déi eegen Zäit verbréngt.