Couragéiert RettungsaktiounIndonesier befreit Krokodil no 6 Joer vu Motorradspneu

RTL Lëtzebuerg
Sechs Joer laang huet d'Reptil mam Pneu ëm den Hals misse liewen, an huet gedreet z'erstécken. Elo huet en Indonesier sech getraut d'Déier ze retten.

Et kléngt ewéi aus engem “Crocodile Dundee"-Film: E Mann aus Indonesien huet sech un de geféierlechen Agrëff getraut, fir e Krokodil no sechs Joer vun engem Pneu ëm den Hals ze befreien. Internationalen Déierenexperten an den Autoritéite vum Inselstaat war dëst virop net gelongen.

Dat e puer Meter laangt Reptil wier schonn zanter 2016 mat engem Pneu ëm den Hals geschwommen an d’lescht Joer ëmmer rëm am “Palu"-Floss gesi ginn. Awunner haten nationale Medien no Angscht, d’Déier kéint wéinst dem Pneu erstécken, wann et weider wuesse géing.

De Retter, e 35 Joer alen Indonesier, dee sech “wochelaang” op d’Aktioun virbereet hat, hätt Hénger als Köder genotzt, fir dat mënschescheit Déier unzelackelen. Schlussendlech wier et tatsächlech a Richtung Ufer geschwommen, wou Dosende Männer gehollef hätten, et u Land ze zéien. Op Fotoe konnt ee gesinn, datt dem Krokodil d’Schnëss zougebonnen an de Kapp mat engem Duch ofgedeckt gouf. No der Rettung wier et nees an d’Fräiheet gelooss ginn.

Scho virun zwee Joer hate regional Autoritéiten eng Belounung ausgeschriwwen, fir d’Déier aus senger onglécklecher Lag ze retten. Wéi sech keen dorop gemellt huet, gouf d’Aktioun ofgesot. Kuerz drop ass den australeschen Déierenexpert Matt Wright, deen aus der Sendung “National Geographic - Monster Croc Wrangler” bekannt ass, op Palu gereest. Ma och him a sengem Team war de Krokodil entwëscht. Dem “Guardian” no hätt déi lokal Naturschutzautoritéit elo versprach, den indonesesche Retter fir seng gewoten Aktioun auszezeechnen.

Back to Top
CIM LOGO